Lizenz: Préparateur physique (Athletiktrainer / strength & conditioning) coach (LUXQF4, ENEPS)
Strength & conditioning (préparation physique) ass een essentiellen Deel vun enger athletescher Ausbildung vun Sportler fir hier Eenzel-an och Teamleeschtung am eegene Sport ze optimiséieren.
"Höher, weiter, schneller" geet just mat enger stabiller Basis u physesche Qualitéiten.
Soumat erzielt de Sportler besser Resultater a sengem Sport, huet eng besser Recuperatioun, a kann säi Verletzungsrisiko verklengeren.
Och den "return to sport" ass ee wichtegen Aspekt, deen duerch eng gezielte préparation physique verbessert ka ginn, an d'Spiller/Sportler sti rëm méi fréi um Feld.
Ee gudde Sportler ass net nëmme gutt a sengem eegene Sport mee huet eng breet Basis u physesch Qualitéiten (z.B. Schnellegkeet, Kraaft, Ausdauer, Agilitéit,...), natierlech u säi Sport ugepasst.
Wann s du een Athlet oder Trainer kann s du dech gären u mech wenden, fir dir/dengen Sportler Athletiktraining, deen un däin/hieren Sport ugepasst ass ze haalen.
Duerch meng Ausbildung als Motoriktrainer an Ahtletiktrainer, kann ech Kanner, souwéi Erwuessener, altersgerecht, am Developpement vun hiren athleteschen/motoresche Fäegkeeten, hëllefen.
Fir méi Informatioune schreif mer eng Mail.