by Oliver Waldbillig


geschwate Sproochen

  • Lëtzebuergesch
  • Däitsch
  • Englesch
  • Franséisch

 Lizenzéierten Trainer: B-Level Konschtturntrainer | B-Level Athletiktrainer | Functional Training

 

Mäin Personal Training ass op funktionell a  Kierpergewiichtstraining / Calisthenics / Turnen / Streetworkout / Hochstandtraining, awer och och ggf. klassesch mat Gewiichter baséiert. Sou ka mat oder ouni Material een dir ugepassten Training garantéiert ginn.

 

Athletesch sinn heescht net (nëmmen) gutt auszegesinn, mee och sech selwer kennen, Disziplin léieren, frou mat sech selwer an sengem eegene Liewen ze sinn a schlussendlech sech gutt am eegene Kierper ze fillen. Mäin Ziel ass et net, dech sou schnell wéi méiglech, kuerzfristeg an eng gutt Form ze kréien, mee dech op Laangfrist: fit, gesond, glécklech mat enger gudder Work-life-sports  balance ze haalen.

Een personaliséierten Training hëlleft dir dat an dengem eegenen Tempo ze erreechen.

 

Mäin Job ass et dech do ze begleeden an dech ze beroden, mee du muss selwer schaffen. Trainéieren an korrekt iessen kann ech net dir dech iwwerhuelen, du bass gefuerdert!

 

Baséiert zu Lëntgen, Lëtzebuerg

 

Wou gëtt trainéiert?

Haaptsächlech bei dir Doheem, ggf. an engem Outdoor-Fitness bei dir an der Géigend oder online.

 

 



Firwat sinn ech ee gudde Choix fir däi sportlecht Ziel?

coaching privé, perte de graisse, coach sportif, entraîneur fitness, ofhuelen

Oliver Waldbillig - Iwwert mech

 

Ech maachen Sport säit ech krabbele kann. Ech war 15 Joer laang Nationalkader-Athlet am Konschtturnen. Wärend dëser Zäit hunn ech verschidden Titelen als lëtzebuergesche Champion erturnt, 2 Medaile bei de Spiller vun de klengen Europäesche Staaten (JPEE) gewonnen, dorënner och Gold, an hu Lëtzebuerg méifach bei den Europameeschterschafte vertrueden.

No menger Karriär als aktive Kompetitiounssportler hunn ech lo d'Säit gewiesselt a gi meng Erfarungen un aner Mënsche weider; als Personal Trainer, Atlethik-, Konschtturn- an Motoriktrainer.

 

coach sportif, Fett verleieren, poids du corps, cours fitness, entraînement personnel

 Trainingsmethode

 

Meng Trainingsmethode baséiert op Kierpergewiichtstraining / Calisthenics.

De Virdeel vu  funktionalem Training ass, dass een och effektiv ouni Material trainéiere kann. Et entwéckelt een e gewëssent Kierpergefill, wat op Maschinnen, net onbedéngt de Fall ass.

Dat heescht och, du kanns trainéieren, wéini a wou s de wëlls. 

Equipement benotzen ass awer och een Deel vun eisem Training, virun allem den TRX Suspension Trainer, Resitance Bänner, ggf. Klimmzugstang oder awer och Gewiichter. 

Du brauchs selwer just eng kleng Yoga Matt, Sportskleeder, minimal Plaatz a ganz wichteg Motivatioun! De Rescht bréngen ech mat.

coach sportif, athletiktrainer, personal trainer, luxembourg eating healthy lifestyle, entraînement personel

 Gesonde Liewensstil

 

Kierperlech aktiv sinn ass ee gudden Ufank, mee dat geet net duer fir gesond ze sinn. Eng gesond an ofwiesslungsräich Ernärung gehéiert dozou. 

Bei mir ginn et keng Crash-Diäten oder Versprieche, méi wéi 2kg/Woch ofzehuelen. Sou Däiten funktionéieren zwar, mee majoritärement verléiert ee Waasser a souguer Muskelmass. Mat dem bekannte Yoyo-Effekt kommen d'Kiloe schnell zeréck.

Ech hëllefen dir, deng Ernärung sou ze optiméieren, dass se op däi Liewensstil passt an du léiers à long term gesond ze Iessen.