100% Training an 50% vun der Zäit
Blood flow restriction Training oder Occlusiouns Training, kuerz BFR Training, ass eng wëssenschaftlech bewisen Trainingsmethode, déi souwuel an der Reeducatioun no Verletzungen am medezinesche Beräich (z.b. Kinesitherapie) oder am Héichleeschtungssport, souwéi am Bodybuilding benotzt gëtt.
Funktionsprinzip: Duerch Drock, mat Hëllef vun enger spezieller Bandage, dee proximal (no zum Kierper) un den Extremitéiten (Ärem/Been) ugewant gëtt, gëtt een Deel vum Blutt an der Extremitéit zeréckgehalen, wat eng Sauerstoffarmut am Muskel produzéiert an doduerch Laktat gebilt gëtt. (brenne vum Muskel beim Training / Pump Gefill)
Doduerch gëtt d'Produktioun vu Wuesstemshormoner ugekuerbelt, méi Muskelfaseren aktivéiert, wat zum Muskel- a Muskelwuesstum féiert.
An dat alles matenger minimaler Intensitéit: 20-40% vum 1RM (1RM= Maximum u Gewiicht, dat ee mol beweegt ka ginn)
Dat heescht, manner Stress fir Gelenker an anere Strukturen an de Muskel mat wéineg oder kenger zousätzlecher Charge effikass ze stimuléieren a manner Muskelkater. Och fir Post-Operatoire oder Post-Verletzung eng gutt Alternativ fir rëm an den Training ze kommen a Muskelatrophie (Verléieren u Muskelmass) ze verhënneren/verlangsamen.
Een aneren Avantage ass, dass et méiglech ass ee gläichwäertegen Training a just 50-70% vun der Zäit ze maachen an sou Zäit ze spueren.
All Package kann als BFR-Training adaptéiert ginn (och eenzel Traininge vum Package).
Formel: 45 min BFR = 1 Stonn aus dem Package
Den Risiko vun BFR ass relativ geréng, mee et sinn e puer Saachen ze consideréieren:
BFR soll NET benotzt ginn, wann s:
Medezinesch Berodung sollt virum Benotze vun BFR erageholl ginn, wann s:
Kacin et al., (2015). Clinical screening tool for risk assessment of subjects prior their inclusuin in blood flow restricted resitance training program