by Oliver Waldbillig
Lizenzéierten Trainer: B-Level Konschtturntrainer | B-Level Athletiktrainer | Functional Training
Mäin Personal Training ass op funktionell a Kierpergewiichtstraining / Calisthenics / Turnen / Streetworkout awer och och ggf. klassesch mat Gewiichter baséiert. Sou ka mat oder ouni Material een dir ugepassten Training garantéiert ginn.
Och deng athletesch Performance fir däi Sport kënne mir gezielt schaffen, wéi z.B. Schnellegkeet, Kraaft oder Ausdauer.
Athletesch sinn heescht net (nëmmen) gutt auszegesinn, mee och sech selwer kennen, Disziplin léieren, frou mat sech selwer an sengem eegene Liewen ze sinn a schlussendlech sech gutt am eegene Kierper ze fillen. Mäin Ziel ass et net, dech sou schnell wéi méiglech, kuerzfristeg an eng gutt Form ze kréien, mee dech op Laangfrist: fit, gesond, glécklech mat enger gudder Work-life-sports balance ze haalen.
Een personaliséierten Training hëlleft dir dat an dengem eegenen Tempo ze erreechen.
Mäin Job ass et dech do ze begleeden an dech ze beroden, mee du muss selwer schaffen. Trainéieren an korrekt iessen kann ech net dir dech iwwerhuelen, du bass gefuerdert!
Baséiert zu Lëntgen & (deelweis) Stroossen
Wou gëtt trainéiert?
Haaptsächlech bei dir Doheem, ggf. an engem Outdoor-Fitness bei dir an der Géigend oder online.
Je no Horaire zu engem klengen Trainingssall zu Stroossen
Oliver Waldbillig - Iwwert mech
Ech maachen Sport säit ech krabbele kann. Ech war 15 Joer laang Nationalkader-Athlet am Konschtturnen. Wärend dëser Zäit hunn ech verschidden Titelen als lëtzebuergesche Champion erturnt, 2 Medaile bei de Spiller vun de klengen Europäesche Staaten (JPEE) gewonnen, dorënner och Gold, an hu Lëtzebuerg méifach bei den Europameeschterschafte vertrueden.
No menger Karriär als aktive Kompetitiounssportler hunn ech lo d'Säit gewiesselt a gi meng Erfarungen un aner Mënsche weider; als Personal Trainer, Atlethik-, Konschtturn- an Motoriktrainer.
Trainingsmethode
Meng Trainingsmethode baséiert op Kierpergewiichtstraining / Calisthenics.
De Virdeel vu funktionalem Training ass, dass een och effektiv ouni Material trainéiere kann. Et entwéckelt een e gewëssent Kierpergefill, wat op Maschinnen, net onbedéngt de Fall ass.
Dat heescht och, du kanns trainéieren, wéini a wou s de wëlls.
Equipement benotzen ass awer och een Deel vun eisem Training, virun allem den TRX Suspension Trainer, Resitance Bänner, ggf. Klimmzugstang oder awer och Gewiichter.
Du brauchs selwer just eng kleng Yoga Matt, Sportskleeder, minimal Plaatz a ganz wichteg Motivatioun! De Rescht bréngen ech mat.
Gesonde Liewensstil
Kierperlech aktiv sinn ass ee gudden Ufank, mee dat geet net duer fir gesond ze sinn. Eng gesond an ofwiesslungsräich Ernärung gehéiert dozou.
Bei mir ginn et keng Crash-Diäten oder Versprieche, méi wéi 2kg/Woch ofzehuelen. Sou Däiten funktionéieren zwar, mee majoritärement verléiert ee Waasser a souguer Muskelmass. Mat dem bekannte Yoyo-Effekt kommen d'Kiloe schnell zeréck.
Ech hëllefen dir, deng Ernärung sou ze optiméieren, dass se op däi Liewensstil passt an du léiers à long term gesond ze Iessen.