Oliver Waldbillig
Ech maachen Sport säit ech krabbele kann. Scho mat 3 Joer hunn ech Doheem Hochstand a Kopplabunz gemaach.
Mat 5 hunn ech meng Karriär am Konschtturnen ugefaangen a war 15 Joer laang Nationalkader-Athlet. Wärend dëser Zäit hunn ech verschidden Titelen als lëtzebuergesche Champion erturnt, 2 Medaile bei de Spiller vun de klengen Europäesche Staaten (JPEE) an hu Lëtzebuerg méifach bei den Europameeschterschafte vertrueden.
No menger Karriär als aktive Kompetitiounssportler hunn ech lo d'Säit gewiesselt a gi meng Erfarungen un aner Mënsche weider; als Personal Trainer, Atlethik-, Konschtturn- an Motoriktrainer.
Duerch meng Ausbildung an Erfarung als Konschtturn- a Motorikstrainer kann ech och Kanner a Jugendlechen op Club- an och Nationalniveau trainéiert.
Als Athletiktrainer (Préparateur Physique) hëllefen ech Sportler, hier Leeschtung op een next Level ze hierwen.